Déi gutt Mod

Et waren emol eng Lokaljournalistin an eng Radiomoderatorin. Elo leede se gemeinsam e 76 Joer ale Mediebetrib, de Lëtzebuerger Journal. Wéi se dat maachen, erzielen d’Lynn Warken an d’Melody Hansen an dësem Podcast. Si schwätzen iwwert hiren Alldag an enger Féierungspositioun, hir Learnings, Beobachtungen awer och iwwert déi Saachen déi si owes wakereg halen.

Déi gutt Mod

Latest episodes

#44 Wann s de vergëss, wat s de kanns feat. Céline Zimmer

#44 Wann s de vergëss, wat s de kanns feat. Céline Zimmer

44m 18s

D'Céline Zimmer ass Architektin, Fuerscherin an Entrepreneurin. An dëser Episod vun Déi gutt Mod schwätze mir iwwert säi Parcours – vu sengem Papp, deen hatt als Kand an e Corbusier-Klouschter matgeholl huet, iwwer e Studium zu Tréier an Hamburg bis bei en Doktorat iwwer d'Wunnengskris, deen hatt bal net gemaach hätt.

D'Céline erzielt, firwat véier Stonne Fokuszäit schonn e gudden Dag sinn, wéi et ass, als jonk Fra mat neien Iddie géint Maueren ze lafen a firwat Entrepreneursgeescht och e Privileeg ass. Mir schwätzen iwwer Wunnkooperativen, iwwer d'Fro, ob ee muss wëssen, ob ee Kanner wëll an iwwer dee klenge...

#43: Nom Congé de maternité zréck op de Büro

#43: Nom Congé de maternité zréck op de Büro

34m 50s

Mir si rëm zesummen um Mikro. Wéi war et no 5 Méint erëm op de Büro zeréckzekommen? A wéi huet sech déi Zäit virdrun ugespuert? Fir d’Lynn, dat fort war, awer och fir déi, déi an där Zäit seng d'Verantwortung iwwerholl hunn?

Mir schwätzen iwwer déi éischt Wochen zréck, Brainfog, Zweifel, Vertrauen, nei Prioritéiten an d'Fro, wéi ee Verantwortung ofgëtt an erëm zeréckhëlt. Mee och doriwwer, wat et wierklech bedeit, e Betrib ze féieren a wéi dës Erfarung dem Melody en neien Abléck and'Entreprisenféierung ginn huet.

Et geet ëm eis Learnings, Ängscht an d'Erkenntnis, dass dës 5 Méint eis als Ekipp verännert hunn.

#42 Ass eng Infirmière automatesch eng gutt Mod? feat. Anne-Marie Hanff

#42 Ass eng Infirmière automatesch eng gutt Mod? feat. Anne-Marie Hanff

41m 26s

D'Anne-Marie Hanff ass Infirmière, Fuerscherin op der Uni Lëtzebuerg a Presidentin vun der Associatioun vun den Infirmieren an Infirmièren, der ANIL. An dëser Episod vun Déi gutt Mod schwätze mir iwwert säi Parcours: Vun der Infirmièresschoul, wou d'Äntwert op all Fro "dat maache mer hei esou" war, iwwer eng Zäit an der Schwäiz, déi alles verännert huet, bis bei en Doktorat, deen hatt aus Protest gemaach huet.

D'Anne-Marie erzielt, firwat hatt zu engem Moment alles wollt zréckloossen a Kächin oder Theater studéiere goen, firwat hatt sech bei der ANIL mat engem kompletten CV als Benevole gemellt huet – a firwat...

#41 De Wee fir anerer fräi maachen feat. Caroline Mart

#41 De Wee fir anerer fräi maachen feat. Caroline Mart

59m 14s

D'Caroline Mart ass laangjäreg Journalistin an eent vun de bekanntste Gesiichter vun RTL. An dëser Episod vun Déi gutt Mod schwätze mir iwwer säi Parcours: Vun enger Kandheet tëscht New York, Bréissel a Lëtzebuerg iwwer d'Europaschoul, e Studium zu Bréissel, bis bei eng Karriär, déi hatt als Quotefra an enger renger Männerredaktioun ugefaangen huet.

D'Caroline erzielt, wéi et war, als jonk Fra an engem rauem Ëmfeld net eescht geholl ze ginn, firwat hatt dräi Kanner a véier Joer kritt an all Kéiers no kuerzer Paus erëm geschafft huet, a wéi chronesche Schlofmangel hatt iwwer Jore begleet huet. Mir schwätzen iwwer...