All episodes

#43: Nom Congé de maternité zréck op de Büro

#43: Nom Congé de maternité zréck op de Büro

34m 50s

Mir si rëm zesummen um Mikro. Wéi war et no 5 Méint erëm op de Büro zeréckzekommen? A wéi huet sech déi Zäit virdrun ugespuert? Fir d’Lynn, dat fort war, awer och fir déi, déi an där Zäit seng d'Verantwortung iwwerholl hunn?

Mir schwätzen iwwer déi éischt Wochen zréck, Brainfog, Zweifel, Vertrauen, nei Prioritéiten an d'Fro, wéi ee Verantwortung ofgëtt an erëm zeréckhëlt. Mee och doriwwer, wat et wierklech bedeit, e Betrib ze féieren a wéi dës Erfarung dem Melody en neien Abléck and'Entreprisenféierung ginn huet.

Et geet ëm eis Learnings, Ängscht an d'Erkenntnis, dass dës 5 Méint eis als Ekipp verännert hunn.

#42 Ass eng Infirmière automatesch eng gutt Mod? feat. Anne-Marie Hanff

#42 Ass eng Infirmière automatesch eng gutt Mod? feat. Anne-Marie Hanff

41m 26s

D'Anne-Marie Hanff ass Infirmière, Fuerscherin op der Uni Lëtzebuerg a Presidentin vun der Associatioun vun den Infirmieren an Infirmièren, der ANIL. An dëser Episod vun Déi gutt Mod schwätze mir iwwert säi Parcours: Vun der Infirmièresschoul, wou d'Äntwert op all Fro "dat maache mer hei esou" war, iwwer eng Zäit an der Schwäiz, déi alles verännert huet, bis bei en Doktorat, deen hatt aus Protest gemaach huet.

D'Anne-Marie erzielt, firwat hatt zu engem Moment alles wollt zréckloossen a Kächin oder Theater studéiere goen, firwat hatt sech bei der ANIL mat engem kompletten CV als Benevole gemellt huet – a firwat...

#41 De Wee fir anerer fräi maachen feat. Caroline Mart

#41 De Wee fir anerer fräi maachen feat. Caroline Mart

59m 14s

D'Caroline Mart ass laangjäreg Journalistin an eent vun de bekanntste Gesiichter vun RTL. An dëser Episod vun Déi gutt Mod schwätze mir iwwer säi Parcours: Vun enger Kandheet tëscht New York, Bréissel a Lëtzebuerg iwwer d'Europaschoul, e Studium zu Bréissel, bis bei eng Karriär, déi hatt als Quotefra an enger renger Männerredaktioun ugefaangen huet.

D'Caroline erzielt, wéi et war, als jonk Fra an engem rauem Ëmfeld net eescht geholl ze ginn, firwat hatt dräi Kanner a véier Joer kritt an all Kéiers no kuerzer Paus erëm geschafft huet, a wéi chronesche Schlofmangel hatt iwwer Jore begleet huet. Mir schwätzen iwwer...

#40 Wéi geréiert ee 4.000 Mënschen? feat. Dr Martine Goergen

#40 Wéi geréiert ee 4.000 Mënschen? feat. Dr Martine Goergen

42m 38s

D'Dr Martine Goergen ass Chirurg a säit 2024 Direkter vum CHL. An dëser Episod vun Déi gutt Mod schwätze mir iwwert hire Parcours - vum Lycée Michel Rodange iwwer d'Chirurgie-Formatioun zu Bréissel, Liewerchirurgie zu Madrid an Thoraxchirurgie zu Paräis bis bei d'Direktioun vun engem Spidol mat 4.000 Mataarbechter*innen.

Si erkläert, firwat si gären Direkter an net Directrice genannt gëtt, firwat si trotz enger 60-Stonne-Woch als Direkter nach ëmmer operéiert - a firwat esou wéineg Chirurginnen sech déi Plaz huelen, déi hinne géif zoustoen. Zum Schluss schwätze mir iwwer Hyrox, Konscht an d'Fro, wéi een als Dokter léiert, eng schlecht Noriicht...

#39 Wann net just de Patron, mee de Papp ewechfält feat. Chris a Marielou Haentges

#39 Wann net just de Patron, mee de Papp ewechfält feat. Chris a Marielou Haentges

50m 54s

"Een Haentges kennt seelen eleng", soen hier Kolleegen iwwert se. Ma esou waret och fir eise Podcast: D'Schwëstere Chris an d'Marielou Haentges waren zesummen am Podcast zu Gaascht. Si sinn Allenzwee an der Gerance vun der Familljebetrib Asport mat dran, déi hier Elteren an den 80er gegrënnt hunn. Mee well si och eppes Eegenes op d'Been stelle wollten huet d'Marielou de Kleederbuttek Stitch virun e puer Joer iwwerholl an d'Chris huet virun e puer Méint de Fitnessstudio Omonia um Houwald opgemaach.

Am Podcast schwätzen si oppen iwwert déi haart Zäit nom dout vun hirem Papp, an där d'Entreprise huet misse weider dréien...

#38 Wéi ginn ech mat onfaire Situatiounen em? feat. Lis Fautsch

#38 Wéi ginn ech mat onfaire Situatiounen em? feat. Lis Fautsch

52m 16s

D'Lis Fautsch ass eemoleg Fechterin a Mamm. An dëser Episod vun Déi gutt Mod schwätze mir iwwert d’Schwieregkeeten an d'Ongerechtegkeeten, déi hatt a senger Fecht-Karriär erlieft huet, d'Olympesch Spiller, fir déi hatt wärend senger Schwangerschaft trainéiert huet a säi Bezuch zu Sport haut - wou hatt net méi Profi-Fechterin ass. D'Lis Fautsch huet duerch eng Optioun am Lycée d'Passioun fir d'Fechten fir sech entdeckt. No der Première zitt et déi jonk Fra op Wien fir de Studium, ma dono decidéiert hatt sech awer dozou, et nach eng Kéier mat der Profi-Karriär ze probéieren a gëtt Sportzaldotin. Haut ass d'Lis Fautsch...

#37 Wat verbënnt Lëtzebuerg mat Brasilien? feat. Dominique Santana

#37 Wat verbënnt Lëtzebuerg mat Brasilien? feat. Dominique Santana

47m 13s

D'Dominique Santana ass Fuerscherin, Historikerin a Mamm. An dëser Episod vun Déi gutt Mod schwätze mir iwwer genee dës Rollen an d'Fro, wéi hatt et fäerdegbréngt, se am Alldag ze vereenen.

D'lëtzebuergesch-brasilianesch Fuerscherin kënnt gebierteg vun Diddeleng a schafft haut am C2DH (Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History) um Unicampus Belval. Hatt ass net nëmmen duerch seng Originne mat Brasilie verbonnen; eng Zäit laang huet hatt Rio de Janeiro säin Doheem genannt an den Dokumentarfilm A colônia luxemburguesa iwwer d'lëtzebuergesch Minnenaarbechter a Brasilie realiséiert.
Aktuell ass d'Dominique schonn um nächste Projet beschäftegt. Wéi hatt dem Melody erzielt, funktionéiert säin...

#36 Wéi soen ech mengem Patron, dass ech Mamm ginn? feat. Hanna Meyer

#36 Wéi soen ech mengem Patron, dass ech Mamm ginn? feat. Hanna Meyer

43m 23s

D’Hanna Meyer war wärend senge Studiejoren als dat bekannt, wat oft a vill Stagë mécht. No engem Stage an den USA wärend der Finanzkris 2008, verschléit et déi geléiert Kommunikatiouns-Expertin awer rëm zeréck op Lëtzebuerg.

Mëttlerweil ass d'Hanna d'Directrice vum Kommunikatiouns-Departement vun der Chambre des Métiers an ass Mamm vun zwee Kanner. An dëser Episod schwätze mir iwwert säin akademesche Wee, deen hatt bis a Südfrankräich a South Carolina gefouert huet, d'Valorisatioun vum Handwierk a wéi hatt mat nëmme véier Stonne Schlof trotzdeem funktionéiert.

#35 Muechtmëssbrauch an d'Wichtegkeet vu Feminismus feat. Jessika Rauch

#35 Muechtmëssbrauch an d'Wichtegkeet vu Feminismus feat. Jessika Rauch

47m 11s

Jorelaang huet d'Jessika Rauch an der Privatwirtschaft geschafft, ier hatt de Courage hat, ze kënnegen an de Sprong an d'Selbststännegkeet gewot huet. Déi gebierteg Saarlännerin war scho beim SWR, Beiersdorf a Villeroy&Boch ugestallt. No engem hallwe Joer an Italien huet hatt dunn d'Decisioun geholl, Independant ze ginn.

Haut lieft a schafft hatt zu Lëtzebuerg am PR-Beräich. An dëser Episod schwätze mir iwwert Iwwergrëffegkeeten op der Aarbecht, firwat de Fluchmodus heiansdo ganz hëllefräich ass a wéi d'Jessika domat ëmgeet, kee Moiesmënsch ze sinn, an dat an enger Aarbechtswelt, déi dorop ausgeluecht ass.

#34 Onsiichtbar Care-Aarbecht am Betrib feat. Bérengère Beffort

#34 Onsiichtbar Care-Aarbecht am Betrib feat. Bérengère Beffort

44m 17s

Journalismus, Politik a Kommunikatioun – d’Bérengère Beffort huet a senger Carrière an all deene Beräicher Erfarung gesammelt. Hatt war Journalistin an enger Zäit, an där et nach keng sozial Medie goufen, a Redaktiounskonferenzen, an deenen hefteg diskutéiert gouf, waren seng léifste Momenter.

Haut ass hatt Head of Communications vun der Chambre de Commerce, wou hatt déi dräi Welten zesummebréngt. An dëser Episod erzielt hatt, firwat et sech lount, dem Rouegsten am Raum d’Wuert ze ginn, wéi seng Aarbecht um Ministère de l’Égalité des genres hatt laangfristeg gepräägt huet an, datt et onsiichtbar Care-Aarbecht och an Entreprisë gëtt.