All episodes

#33 Grenzen zéien an iwwerwannen feat. Thorunn Egilsdottir

#33 Grenzen zéien an iwwerwannen feat. Thorunn Egilsdottir

37m 45s

An dëser Episod schwätzt d’Melody mam Thorunn Egilsdottir, Expat Service Manager bei der Spuerkeess. Et geet ëm dem Thorunn seng Carrière – vun der Bank an d’Medien, erëm zréck an d’Bank – an em seng Motivatioun, sech stänneg weiderzebilden. Wéi fir eng Wikingerin ob hirem Schëff, muss et fir d’Islännerin ëmmer virugoen.
D'Thorunn erzielt, wéi hat et gepackt huet, nieft engem Vollzäitjob als Marketingcheffin vun engem Medieverlag an als elengerzéiend Mamm, och nach e Master ofzeschléissen. Am Gespréich geet et och ëm seng Teenagerjoeren an Island an déi wichteg Roll, déi staark Frae schonn ëmmer an sengem Liewe gespillt hunn....

#32 Paus: Déi aner Säit vun der Medaille

#32 Paus: Déi aner Säit vun der Medaille

34m 34s

De Congé de Maternité steet virun der Dier, d’Preparatiounen am Betrib komme sou lues op en Enn an déi éischt Upassungen droen hir Friichten. Eng Fro vun enger Nolauschterin stéisst eng Diskussioun un doriwwer, ob esou eng Paus de beruffleche Wee verännert, wou se bremst, wou se e Neiufank méiglech mécht, a firwat Gläichstellung nach ëmmer net selbstverständlech ass.

#31 Leadership a Famill: Tëscht Paus a Perspektiven feat. Maxi Pesch

#31 Leadership a Famill: Tëscht Paus a Perspektiven feat. Maxi Pesch

40m 53s

An dëser Episod schwätze mir iwwert eis Erfarungen, wéi eng Féierungspositioun organiséiert ka ginn, wann ee vun eis an de Congé de Maternité geet. Am Gespréich geet et ëm déi temporär Ëmstrukturéierung am Betrib, d’Learnings aus dëser Zäit an d’Chance fir d’Weiderentwécklung vun der Ekipp.

Mir diskutéieren och, wéi vill Fräiheet entsteet, wann ee säi Poste selwer verdeele kann an decidéiert, wéi genee déi Struktur soll ausgesinn. Eng aner wichteg Dimensioun si Virurteeler géint Fraen an hiren 30er an d’Virstellung, si kéinte “schwanger ginn“. Wéi beaflossen esou Gedanken a Musteren d’Karriärweeër?

Et kann och anescht goen: Eng bewosst Ëmgestaltung vun...

#30 Empathie, Muecht a Menopause: D'Yuriko Backes iwwer Leadership

#30 Empathie, Muecht a Menopause: D'Yuriko Backes iwwer Leadership

38m 58s

An dëser Episod schwätze mir mam Yuriko Backes, Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit (MEGA), fir Verdeedegung a fir Mobilitéit an Travaux publics. Am Gespréich geet et ëm Leadership tëscht Empathie a Muecht an d'Bedeitung vun oppener Kommunikatioun, wann et drëms geet Decisiounen ze treffen a Léisungen ze fannen.

Mir diskutéieren d'Onofhängegkeet vun de Fraen, hir wirtschaftlech a politesch Autonomie an d'Fro vun Diversitéit a Gläichberechtegung zu Lëtzebuerg. D'Yuriko Backes deelt och, wéi si hire Wee an d'national Politik gaangen ass, eng Decisioun, bei där d'Famill eng wichteg Roll gespillt huet. Zousätzlech schwätzt si ganz oppen iwwer hir perséinlech Erfarungen an...

#29 De Courage, Responsabilitéit ze iwwerhuelen (feat. Miriam Eisenmenger)

#29 De Courage, Responsabilitéit ze iwwerhuelen (feat. Miriam Eisenmenger)

42m 31s

Kuerz virun der Summerpaus geet et fir d’Redaktioun vun engem Presseiessen op dat anert. D’Melody verréit eis, wat hannert dëse Veranstaltungen stécht a wat hire Sënn ass. Mir schwätzen iwwert eise Partenariat an der Kannerspillstad „Mini-Lënster“, wou mir d’Mini-Journal-Redaktioun opgebaut hunn an d’Lynn war beim ACL op Besuch, wou hat mat der CEO Miriam Eisenmenger geschnësst huet. Nieft dem Thema modern Mobilitéit hu si sech iwwert Leadership an de Courage, Verantwortung ze iwwerhuelen, ënnerhalen, esouwéi iwwert de Wäert vu Mentoring an d’Bedeitung vun engem gudde Netzwierk, dat besonnesch hei zu Lëtzebuerg esou wichteg ass.

#28 Liichtegkeet & non-lineare Beruffswee (feat. Sara Kaiser)

#28 Liichtegkeet & non-lineare Beruffswee (feat. Sara Kaiser)

67m 51s

Liichtegkeet, wat bedeit dat eigentlech? Ass dat eppes, dat ee vu klengem u mat op de Wee kritt, oder kann een dat och nach spéider am Liewe léieren? Mir schwätzen iwwert dës Situatiounen, bei deene mir eis nach virun e puer Joer an de Buedem geschummt hätten a wou mir haut ganz entspaant soen: „Ma dann ass dat eben esou.“

Wéini iwwerhëlt een eng Aufgab aus wierklecher Responsabilitéit eraus, a wéini mécht een et just, well ee sech soss schëlleg géif fillen se net ze maachen? Wéini ass et just e Pflichtgefill?

Mir hu rëm Besuch: D’Sara Kaiser. D’Sara huet...

#27 Humor op der Aarbecht

#27 Humor op der Aarbecht

27m 51s

Humor op der Aarbecht mécht eis méi resilient, verbënnt an hëlleft och duerch ustrengend oder schwéier Deeg ze kommen. Net nëmmen am Journalismus, mee op all Aarbechtsplaz.

Wéi geet Humor op der Aarbecht? Wou sinn eiser Meenung no d’Grenzen? Mir schwätzen doriwwer a gi Beispiller aus eisem Alldag. D’Melody war ënnerdeems dës Woch immens beréiert vun engem Interview mat enger jonker Parkinson-Patientin, déi him erzielt huet, wéi et ass, eng Krankheet ze hunn, déi d’Gesellschaft just mat eelere Mënschen just verbënnt an d’Lynn war op europäeschem Terrain ënnerwee.

Hei geet et bei den Artikel ronderëm jonk Parkinson-Patient*innen:
https://journal.lu/de/parkinson-mit-40-kein-einzelfall

#26 Prokrastinatioun an Networking-Hacks vun der Bom

#26 Prokrastinatioun an Networking-Hacks vun der Bom

40m 50s

Mir schwätzen iwwert Peoplemanagement an dat Gefill, de ganzen Dag näischt geschafft ze hunn. An et geet ëm Prokrastinatioun. Wat sinn déi Aufgaben, déi gären op en aneren Dag verluecht ginn? Zum Schluss ginn et nach e puer Networking-Hacks vun eise Bomen.

Vergiess net, eis deng Froe, Erfarungen an Umierkungen per Message oder Sproochnoriicht via Direct Message op Instagram https://www.instagram.com/letzjournal/ oder per E-Mail op lynn.warken@journal.lu a melody.hansen@journal.lu ze schécken.

Du wëlls eis Equipe ënnerstëtzen? Da maach en Abo beim Lëtzebuerger Journal: https://journal.lu/de/products

#25 Systemperfektionismus

#25 Systemperfektionismus

18m 57s

D’Sonn kënnt eraus, d’Laun ass direkt besser – an dat net nëmmen, well d‘Fréijoer sech ukënnegt, den Alkohol gouf massiv reduzéiert an dat hat direkt e puer positiv Effekter.

D’Melody erzielt vum Event “Diplomat for a Day”, wou et sech am Kader vum Weltfraendag mat engagéierte jonke Fraen ausgetosch huet. An et geet ëm “Systemperfektionismus”, also d’Striewen no Perfektioun vun engem Prozess oder System.

Mir brauchen dech! Du interesséiers dech fir Audio- oder Videoproduktioun oder kenns een*t, deen dat géif spannend fannen? Da mell dech mat engem CV an enger Lettre de Motivation bei melody.hansen@journal.lu oder lynn.warken@journal.lu a verbréng däi...

#24 Sport an (On)zefriddenheet

#24 Sport an (On)zefriddenheet

33m 57s

Wéi huet sech eist Verhältnis zu Sport am Laf vum Liewe verännert? D’Lynn ass méi risikobereet ginn, wärend d’Melody et méi roueg ugoe léisst. Ma eppes hu mer gemeinsam: Mir brauche Sport mëttlerweil, fir de Kapp fräi ze kréien, duerch den (Aarbechts)alldag ze kommen an och aus dësem einfache Grond: Et mécht Spaass.

Apropos Aarbecht: An der Vakanz ass dem Lynn opgefall, wéi vill Leit mat hirem Job onzefridde sinn. Mee firwat ass dat esou? Mir schwätzen iwwert “sech bekloen” - de Lëtzebuerger Vollekssport.