All episodes

#23 Kënnegen an astellen

#23 Kënnegen an astellen

40m 55s

Wat eng opreegend Woch! D’Lynn an d’Melody hunn déi éischte Kéier an hirem Liewen nei Mataarbechter*innen agestallt. Direkt nom Onboarding-Dag deelen si hir frësch Andréck mat Iech: Wourop muss ee bei der Astellung oppassen? Wat sinn d’Erwaardungen – souwuel vun de neie Leit wéi och vun der bestoender Ekipp? A wisou kann ee "frësche Bléck" op eis Aarbechtsprozesser esou wäertvoll sinn? A wa mir schonn iwwer Aarbecht schwätzen: Pünktlechkeet ass e vill diskutéiert Thema! Fir d’Lynn ass se e Must, d’Melody gesäit dat – nenne mir et – méi flexibel. Mee wéi beaflosst eisen Time-Management eisen Alldag, a wéi eng...

#22 An der Ëffentlechkeet stoen (feat. Anne Calteux)

#22 An der Ëffentlechkeet stoen (feat. Anne Calteux)

51m 8s

Alles Guddes am neie Joer! D’Melody deelt mat eis, firwat hatt bis elo nach ni e positiivt Verhältnis zu Geld hat a wéi et dat dëst Joer ännere wëll. An der Ëffentlechkeet stoen – déi eng zéien hir Energie doraus, fir anerer ass et éischter e Mëttel zum Zweck. Doriwwer hu mir mam Anne Calteux geschwat, eis Invitée an dëser Episod. Wat ass de Rôle vun der Vertriederin vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg? A wéi huet d’Anne seng Zäit als ë.a. Cheffe de Cabinet am Gesondheetsministère, besonnesch wärend der Covid-Pandemie, erlieft? Hat gëtt eis en Abléck a säi fréieren...

#21 Formatiounen, Soft Skills an d’Selbstwäertgefill (feat. Muriel Morbé)

#21 Formatiounen, Soft Skills an d’Selbstwäertgefill (feat. Muriel Morbé)

36m 49s

Merry Christmas! An der leschter Episod fir dëst Joer schwätzen d'Lynn an d'Melody iwwert d'Work-Life-Balance bei Dirigeanten. Si tendéieren dobäi éischter zu "Go with the flow"...
E weidere Sujet ass de Lifelong Learning. D’Muriel Morbé, Directrice vum House of Training an Directrice Talents and Skills bei der Chambre de Commerce erkläert, firwat Formatiounen net just fir Entreprisen an hir Mataarbechter*inne wichteg sinn, mee och fir all eenzelnen.
Op engem Aarbechtsmaart, wou mëttlerweil 4 Generatiounen zesummeschaffen, ass d'Demande no Soft Skills ëmmer méi grouss. Si diskutéieren doriwwer, schwätzen iwwert d'Zukunft vum Leadership an deelen hir Erfarungen, wéi schéin et ass, eleng...

#20 Erfarungen deelen

#20 Erfarungen deelen

22m 19s

"Happy Birthday!" Scho 4 Joer schaffe mer zesummen – ugefaangen als Chefredactrice a Programmcheffin, a säit 2023 hu mer eng nei Bezéiung: Chefredactrice an Directrice Générale. Eis Aarbechtsdynamik huet sech doduerch verännert. Dem Lynn kann et heiansdo net séier genuch goen, an d'Melody huet d'Tendenz ob d'Brems ze trëppelen. Ma gutt, dass mer eis an der gëllener Mëtt kënnen treffen.

Mir hunn d'Erfarung gemaach, dass wann een och mol seet, wat net sou gutt leeft, et net als Schwächt gesi gëtt, mee beemol och anerer ufänke sech opzemaachen.

Zum Schluss schwätze mer vum “Bropriating”: Wärend engem Meeting proposéiert dir eppes,...

#19 Ënner Drock (feat. Annick Goerens)

#19 Ënner Drock (feat. Annick Goerens)

43m 52s

An dëser Episod schwätze mer iwwert déi verschidden Aarte vun Drock: den Drock vu baussen, den Drock, dee mir eis selwer maachen, Zäitdrock, finanziellen Drock an de politeschen Drock, dee Journalist*innen och zu Lëtzebuerg ëmmer méi spieren. Mir hunn eng gutt Mod op Besuch: D’Annick Goerens, frësch aus den USA ageflunn, hei huet hat fir RTL d'US-Wale couvréiert. D’Annick erzielt, wéi et bei engem Wal-Event harceléiert an erausgehäit gouf.

Zousätzlech kréie mir en Abléck hannert d’Kulisse vun den daily News. "Mir schaffen am Misär," seet d'Annick a schwätzt iwwert seng Erfarungen als Korrespondentin fir d’ZDF a säin Asaz an engem...

#18 Transparenz op der Aarbechtsplaz

#18 Transparenz op der Aarbechtsplaz

25m 6s

Dat Gefill, um Enn vum Dag mat allem fäerdeg ze sinn – kennen d’Lynn an d’Melody net méi. An dëser Episod geet et ëm Erfollegsmomenter, d’Kommunikatioun an der Ekipp, an déi schmuel Ligne tëscht Informatiounen deelen an an d’Rechtfäerdegung falen. Wat ass nach méi kontraproduktiv wéi eng Cheffin, déi vun uewen erof dirigéiert? Eng Féierungspersoun, déi keng Entscheedungen trëfft.

#17 Leadership an Emotiounen (feat. Eileen Byrne)

#17 Leadership an Emotiounen (feat. Eileen Byrne)

54m 51s

Et geet ëm d’Scheiteren a firwat Emotioune politesch sinn. D’Melody war zu Bonn um bfuture Festival fir d’Zukunft vum Journalismus an d’Lynn erkläert, wéi ee mat der Zäit léiert, déi éischt Reaktioune vu Leit anzeschätzen a se “auszehalen”. Iwwert Emotioune schwätzen déi zwee och mam Eileen Byrne ouni déi d’Regisseurin hir Aarbecht net maache kéint. 
 
D'Gespréich dréint sech ëm moderne Leadership, doriwwer, firwat d'Eileen keen "Terror um Set" toleréiert, an iwwer säin aktuelle Film Mariaenengraben. Kritik ass ubruecht, mee w.e.g vun där Zort mat där een och eppes ufänke kann.Si schwätzen iwwer d'Aarbecht hannert de Kulissen, de Verloscht vu Geschwëster oder Partner, an d'Ënnerscheeder an der Art a Weis, wéi jidderee mat Trauer a mam Dout ëmgeet.

Dem Eileen Byrne...

#16 D'Rush Hour vum Liewen

#16 D'Rush Hour vum Liewen

30m 44s

Mir hu rëm näischt geschafft, dës Kéier well de Poopst do war an d’Erkältungen ausgebrach sinn. Firwat mir d’Visite vum Poopst kritesch gesinn a wat am Kapp vu Chef*inne virgeet wa si net an Héichform sinn erziele mer iech an dësem Episod. Ausserdeem schwätze mer iwwer Ausnamesituatioune a wéi ënnerschiddlech d’Melody an d’Lynn mat ongeplangte Momenter ëmginn. An zum Schluss ass et un iech: Äre Feedback zu der leschter Episod zum Sujet “Belaaschtbarkeet”.

An der zweeter Staffel wäerte mir ëmmer erëm eng gutt Mod am Podcast op Besuch hunn. Du bass eng oder du kenns eng? Schéck eis deng Proposen...

#15 Belaaschtbarkeet

#15 Belaaschtbarkeet

30m 35s

De Summer ass fort a mir si rëm do: Déi gutt Mod start an déi zweet Staffel. An der éischter Episod kucke mir op déi méi roueg lescht Méint zréck. D’Lynn erzielt vu sengem „erwuessene Summer“, d’Melody huet e Festival opgeriicht, erkläert wat “mat den Hänn schaffen” fir en Impakt op säi Wuelbefannen hat a mir ginn Insights an de Paralympics-Podcast fir deen de Lëtzebuerger Journal ee Joer laang d’Athlet*inne begleet huet an zum Schluss den Tom Habscheid déi éischt Medail säit 40 Joer mat Heem bruecht huet.

Ausserdeem geet et em Belaaschtbarkeet am Aarbechtsalldag. Wéi een Afloss huet eist...

#14 Wäertschätzung op der Aarbecht

#14 Wäertschätzung op der Aarbecht

25m 21s

Wéini fillt Dir Iech op Ärer Aarbecht valoriséiert? D'Lynn an d'Melody schwätzen doriwwer, wéi ënnerschiddlech d'Erwaardunge vu Mataarbechter*inne sinn, a wéi wichteg et ass, dës kloer ze kommunizéieren. D’Melody hat e Leadership Workshop iwwert Konfliktmanagement. Ausserdeem deele si mat Iech hier Highlights aus der Woch: D'Melody huet en Artikel iwwer d'Einsamkeet vu Männer am Alters- a Pfleegeheem geschriwwen an d'Lynn gëtt en Abléck an déi ugepasste Social Media Strategie vum Lëtzebuerger Journal. Dir wëllt bei eis e Stage maachen? Sief et am Journalismus, Podcasting oder Marketing? Da lauschtert eran.