#17 Leadership an Emotiounen (feat. Eileen Byrne)

Show notes

Et geet ëm d’Scheiteren a firwat Emotioune politesch sinn. D’Melody war zu Bonn um bfuture Festival fir d’Zukunft vum Journalismus an d’Lynn erkläert, wéi ee mat der Zäit léiert, déi éischt Reaktioune vu Leit anzeschätzen a se “auszehalen”. Iwwert Emotioune schwätzen déi zwee och mam Eileen Byrne ouni déi d’Regisseurin hir Aarbecht net maache kéint.

D'Gespréich dréint sech ëm moderne Leadership, doriwwer, firwat d'Eileen keen "Terror um Set" toleréiert, an iwwer säin aktuelle Film Marianengraben. Kritik ass ubruecht, mee w.e.g vun där Zort mat där een och eppes ufänke kann. Si schwätzen iwwer d'Aarbecht hannert de Kulissen, de Verloscht vu Geschwëster oder Partner, an d'Ënnerscheeder an der Art a Weis, wéi jidderee mat Trauer a mam Dout ëmgeet.

Dem Eileen Byrne säi Kuerzfilm Touch Me iwwert Broschtkriibs: https://stream.sooner.lu/fr/id/1972094000043757670/touch-me

D’Buch Radikal Emotional: Wie Gefühle Politik machen: https://maren-urner.com/buecher

Den Achtsam Podcast:
https://open.spotify.com/episode/1VN9ejNQ87R5Aa3JFMf8H3?si=920801e7d291442b

New comment

Your name or nickname, will be shown publicly
At least 10 characters long
By submitting your comment you agree that the content of the field "Name or nickname" will be stored and shown publicly next to your comment. Using your real name is optional.