All episodes

#13 Den éischten Androck

#13 Den éischten Androck

33m 16s

Kënnt Dir Iech nach un déi éischte Kéier erënnere, wéi Dir Är nei Aarbechtskolleeg*inne kennegeléiert hutt? D’Melody an d’Lynn schwätzen iwwer den Impakt vum éischten Androck an iwwert Blender*innen an der Mediebranche. Firwat ass et e schmuele Grad tëscht "ob säi Bauchgefill lauschteren" a "sech selwer a Fro stellen"?  Ausserdeem deelt d'Melody en Abléck an d'Zesummenaarbecht mat Stagiair*innen. Zum Schluss gëtt et nach eng Äntwert op d'Fro aus der Community: "Fir wat gitt dir verhältnesméisseg vill a wéineg Suen aus?"

D'Etüd, iwwer déi mir am Episod schwätzen:

https://journals.plos.org/plosone/article?id=10.1371/journal.pone.0090779

Den Artikel vun eisem Stagiaire Rodrigo Ribeiro:

https://journal.lu/de/portugiesinnen-und-die-schule-eine-komplizierte-beziehung

#12 Spezial: Déi gutt Mod um Fraestreik

#12 Spezial: Déi gutt Mod um Fraestreik

22m 44s

D'Lynn ass vum 1. Abrëll u Presidentin vum Lëtzebuerger Presserot. An deem Kader ass eis positiv opgefall, dass an de leschte Woche vill Fraen zu Lëtzebuerg op Féierungspositioune komm sinn. Mir schwätzen driwwer, wisou et wichteg ass, dass mer eis net dorop ausrouen. D'Melody gëtt en Iwwerbléck iwwer d'Fuerderunge vun dësem Fraestreik, an zum Punkt géint Gewalt géint Fraen deelen hatt an d'Lynn perséinlech Erfarungen. Zum Schluss huele mer iech mat op de Fraestreik, wou mer nogefrot hunn, fir wat dir et wichteg fannt, dass mer och 2024 nach esou e Streik hunn.

Ulafstellen: 
https://violence.lu/ ;
https://fed.lu/wp/
https://454545.lu/

#11 Déi gutt Mod an der Pensioun

#11 Déi gutt Mod an der Pensioun

40m 50s

Mir hunn eng gutt Mod op Besuch: D'Chantal Rossi huet knapp 40 Joer beim Tageblatt geschafft. Ugefaang als Dactylo, huet d'Chantal déi meescht Zäit vu senger Karriär als Direktiouns- a Redaktiounssekretärin verbruecht. D'Chantal erzielt aus sengem fréieren Aarbechtsliewen awer och iwwert d'Erausfuerderunge vun der Pensioun wa vun haut op muer de gereegelten Dagesoflaf wechfält. Dernieft schwätzen d'Melody an d'Lynn iwwert d'Wichtegkeet vu Mediekompetenz an de Schoulen a firwat et ganz normal ass, datt et zu engem Sujet 10 verschidde Wourechte ginn.

Vergiess net, eis deng Froen, Erfarungen an Umierkungen per Message oder Sproochnoriicht via Direct Message op Instagram https://www.instagram.com/letzjournal/ oder per E-Mail op lynn.warken@journal.lu a melody.hansen@journal.lu ze...

#10 To-Do-Lëschten an Out-Of-Office-Messagen

#10 To-Do-Lëschten an Out-Of-Office-Messagen

28m 0s

Dësen Episod starte mer mat engem Grond, fir ze feieren: De Misch Pautsch, Journalist aus eiser Ekipp, ass den neie President vun der ALJP (Association Luxembourgeoise des Journalistes Professionnels). D'Melody ass selwer schonn e puer Joer Member am Veräin an erkläert wat d'Roll vun der Journalist*innenassociatioun ass. Duerno erziele se wat si alles op hir To-Do-Lëschte schreiwen a wéi déi géint negativ Gedankespiralen hëllefe kënnen. 

An d'Lynn erkläert seng fréier ambivalent Bezéiung zu automateschen Out-of-Office Messagen déi Iech souguer viru potenzielle Mëssverständnisser ofséchere kënnen.

Du wëlls eis Equipe ënnerstëtzen? Da maach en Abo beim Lëtzebuerger Journal: https://journal.lu/de/products

#9 Schlofe kanns de, wann s de dout bass

#9 Schlofe kanns de, wann s de dout bass

29m 47s

Happy new year un all déi gutt Moden dobaussen! Mir huelen eis keng Virsätz fir d'neit Joer, dofir hu mir der fir Iech! D’Lynn erkläert dem Melody d’IKIGAI-Method an d’Melody hëlt säi Schlofrhythmus auserneen a kritiséiert, datt Leit déi spéit opstinn ëmmer als méi faul duergestallt ginn. Zum Schluss gi mer op Äre Feedback an a versichen erauszefanne firwat Betriibsfeieren dacks ausaarten.

Aus dem Episod:
https://journal.lu/de/zu-wenig-beachtung

Vergiess net, eis deng Froen, Erfarungen an Umierkungen per Message oder Sproochnoriicht via Direct Message op Instagram https://www.instagram.com/letzjournal/ oder per E-Mail op lynn.warken@journal.lu a melody.hansen@journal.lu ze schécken.

Du wëlls eis Equipe ënnerstëtzen? Da maach...

#8

#8 "Streit dir och heiansdo?"

37m 2s

Ier mer eis an de Chrëschtdagswansinn stierzen, beäntwere mer nach déi brisant Fro: "So, streit dir och heiansdo?" D'Äntwert ass ganz kloer: "Jo." An dësem Episod gitt Dir gewuer, wat do lass ass a firwat et grad an eiser Branche esou wichteg ass. Ausserdeem erziele mer Iech, wat Enn des Jores bei eis nach esou usteet, wéi Pressereesen oflafen, an eis ass opgefall, dass vill Leit d'Tendenz hunn, hier Aarbecht kleng ze schwätzen, nach virun deem s, se se iwwerhaapt ofginn hunn.

#7 Stress an Alkohol

#7 Stress an Alkohol

35m 34s

Chrëschtdag steet virun der Dier a scho gi mer all mat Invitatiounen iwwerschott, sief et privat oder am Kontext vun der Aarbecht. Op deenen Eventer spillt Alkohol eng zentral Roll. Mir notzen des Zäit vum Joer fir doriwwer ze schwätzen, wéi present Alkohol an eiser Gesellschaft ass a wéi wichteg et ass, op sech opzepasse fir net an ongesond Muster ze verfalen. Ausserdeem schwätze mer doriwwer, dass wann een an enger Féierungspositioun ass, ee säin eigentlechen Job oft guer net méi mécht. An d'Lynn presentéiert iech d'Bestëmmungsbuch fir d'Lëtzebuergesch Business-Welt. E Geheimtipp fir dass dir op Networking-Eventer méi einfach mat aneren an d'Gespréich...

#7 Alkohol a Stress TEASER

#7 Alkohol a Stress TEASER

2m 14s

Chrëschtdag steet virun der Dier a scho gi mer all mat Invitatiounen iwwerschott, sief et privat oder am Kontext vun der Aarbecht. Op deenen Eventer spillt Alkohol eng zentral Roll. Mir notzen des Zäit vum Joer fir doriwwer ze schwätzen, wéi present Alkohol an eiser Gesellschaft ass a wéi wichteg et ass, op sech opzepasse fir net an ongesond Muster ze verfalen. Ausserdeem schwätze mer doriwwer, dass wann een an enger Féierungspositioun ass, ee säin eigentlechen Job oft guer net méi mécht. An d'Lynn presentéiert iech d'Bestëmmungsbuch fir d'Lëtzebuergesch Business-Welt. E Geheimtipp fir dass dir op Networking-Eventer méi einfach mat aneren an d'Gespréich...

#6 Visualiséieren

#6 Visualiséieren

20m 11s

Am Kader vum 75. Anniversaire vum Lëtzebuerger Journal hu mer dësen Episod live zu Maacher am Kulturhuef opgeholl. Mir schwätzen iwwert d’Visitt vum Grand-Duc, wéi mer eis op eis Ried viru Public preparéiert hunn an erklären Iech eisen Insider “Nach séier eng Wäsch amaachen”. Stellt Iech vir Dir preparéiert säit e puer Méint en Event, dann ass en endlech do a wat ass duerno? Dir fillt Iech eidel. Wéi gutt, datt et geschwënn erëm viru geet: Déi gutt Mod geet op Tour! Wouhin? Dat decidéiert dir!

Vergiess net, eis deng Froen, Erfarungen an Umierkunge per Message oder Sproochnoriicht via Direct Message...

#5 Krank ginn

#5 Krank ginn

32m 34s

Et ass Hierscht a lénks a riets fänken d’Leit u mat Houschten. Gedanke wéi „oh nee, ech däerf elo net krank ginn” oder “wéi bréngen ech der Ekipp bäi, dass ech ausfalen“ tauchen op. Et ware Walen a mir feiere Gebuertsdag, 75 Joer Lëtzebuerger Journal. Mir schwätzen iwwert d’Komfortzone déi nach ni souwäit fort war wéi an de leschte Méint a wéi mir doru gewuess sinn. Zum Schluss ginn et nach e puer Tipps, wéi ee mat YouTube Mathé léiert.

!!! Mir feiere Gebuertsdag !!! An deem Kader kritt Dir beim Ofschléisse vun engem Monatsabo 75 % op den éischte Mount geschenkt....