All episodes

#4 Bildung

#4 Bildung

33m 8s

Kuerz no der Rentrée fokusséiere mir eis op d’Weiderbildung. D'Melody war um b°future festival fir konstruktive Journalismus an Dialog an huet vill Inspiratioun an nei Iddie matbruecht. Fir d’Lynn huet och dat neit Schouljoer ugefaangen. Scho säit e puer Joer gëtt hat Radioscoursen am LCD am Kader vum BTS Media Writing. Eis ass opgefall, datt vill Leit net wëssen, wéi eng Ënnerstëtzungen a Méiglechkeeten et hei zu Lëtzebuerg ginn, fir sech nieft der Aarbecht weiderzebilden. Et geet ëm de Sujet "Boreout" an ausserdeem schwätze mir doriwwer, wéi et ass als éischt an der Famill op eng Uni ze goen, awer...

#3 Verbindlechkeet

#3 Verbindlechkeet

28m 21s

Hutt dir och d'Gefill, dass Verbindlechkeet an ärem Ëmfeld net méi grouss geschriwwe gëtt? E Rendezvous ass séier ofgesot oder war guer net opgeschriwwe ginn, well "do war jo näischt méi komm". An dësem Episod schwätze mir driwwer, wéi mir mat esou Situatiounen ëmginn a wéi mer probéiere proaktiv dogéint ze steieren. Et geet awer och drëm, wéi wichteg e Support System vu Frënn a Famill ass, wann een e stressegen Alldag huet. Am participativen Deel "Ech wollt just eppes Klenges nofroen", liese mir nees ee vun äre Message vir a schwätzen iwwer d'Thema Mental Load – also déi Belaaschtung, déi duerch d'Organisatioun vun Alldagsaufgaben entsteet an zum...

#2 Networking

#2 Networking

36m 10s

Mir huelen Iech mat an eisen Alldag. Mir erziele vun eisem méi oder manner erhuelsame Congé a firwat mer dee méi wäit am Viraus musse plangen. Mir deelen eis Pläng, mëttes op en Networking Event ze goen an diskutéieren, firwat d'Netzwierken esou wichteg ass. Zousätzlech deelen an beschwätze mer Äre Feedback zu Episod #1.

Vergiess net, eis deng Froe, Erfarungen an Umierkungen per Message oder Sproochnoriicht via Direct Message op Instagram https://www.instagram.com/letzjournal/ oder per E-Mail op lynn.warken@journal.lu a melody.hansen@journal.lu ze schécken.

Du wëlls eis Equipe ënnerstëtzen? Da maach en Abo beim Lëtzebuerger Journal: https://journal.lu/de/products

#1 Verantwortungsgefill

#1 Verantwortungsgefill

23m 57s

Am éischten Episod stelle mir eis vir an erzielen, wat hannert dem Titel "Déi gutt Mod" stécht. Et dréint sech ganz vill iwwert d’Verantwortungsgefill a wéi wichteg et ass, Responsabilitéit ofzeginn. Wat passéiert mat engem selwer, mee och mat de Mataarbechter*innen, wann ee sech fir alles verantwortlech fillt an näischt delegéiert? Mir diskutéieren iwwer Sätz wéi "Wanns du et mëss, da weess ech datt, et klappt" oder "Hei komm, ech maachen et séier selwer, dann ass et gemaach".

Vergiess net, eis deng Froe, Erfarungen an Umierkungen per Message oder Sproochnoriicht via Direct Message op Instagram https://www.instagram.com/letzjournal/oder per E-Mail op lynn.warken@journal.lu...