#1 Verantwortungsgefill

Show notes

Am éischten Episod stelle mir eis vir an erzielen, wat hannert dem Titel "Déi gutt Mod" stécht. Et dréint sech ganz vill iwwert d’Verantwortungsgefill a wéi wichteg et ass, Responsabilitéit ofzeginn. Wat passéiert mat engem selwer, mee och mat de Mataarbechter*innen, wann ee sech fir alles verantwortlech fillt an näischt delegéiert? Mir diskutéieren iwwer Sätz wéi "Wanns du et mëss, da weess ech datt, et klappt" oder "Hei komm, ech maachen et séier selwer, dann ass et gemaach".

Vergiess net, eis deng Froe, Erfarungen an Umierkungen per Message oder Sproochnoriicht via Direct Message op Instagram https://www.instagram.com/letzjournal/ oder per E-Mail op lynn.warken@journal.lu a melody.hansen@journal.lu ze schécken.

Du wëlls eis Equipe ënnerstëtzen? Da maach en Abo beim Lëtzebuerger Journal: https://journal.lu/de/products

New comment

Your name or nickname, will be shown publicly
At least 10 characters long
By submitting your comment you agree that the content of the field "Name or nickname" will be stored and shown publicly next to your comment. Using your real name is optional.