#10 To-Do-Lëschten an Out-Of-Office-Messagen

Show notes

Dësen Episod starte mer mat engem Grond, fir ze feieren: De Misch Pautsch, Journalist aus eiser Ekipp, ass den neie President vun der ALJP (Association Luxembourgeoise des Journalistes Professionnels). D'Melody ass selwer schonn e puer Joer Member am Veräin an erkläert wat d'Roll vun der Journalist*innenassociatioun ass. Duerno erziele se wat si alles op hir To-Do-Lëschte schreiwen a wéi déi géint negativ Gedankespiralen hëllefe kënnen.

An d'Lynn erkläert seng fréier ambivalent Bezéiung zu automateschen Out-of-Office Messagen déi Iech souguer viru potenzielle Mëssverständnisser ofséchere kënnen.

Du wëlls eis Equipe ënnerstëtzen? Da maach en Abo beim Lëtzebuerger Journal: https://journal.lu/de/products

New comment

Your name or nickname, will be shown publicly
At least 10 characters long
By submitting your comment you agree that the content of the field "Name or nickname" will be stored and shown publicly next to your comment. Using your real name is optional.