#11 Déi gutt Mod an der Pensioun

Show notes

Mir hunn eng gutt Mod op Besuch: D'Chantal Rossi huet knapp 40 Joer beim Tageblatt geschafft. Ugefaang als Dactylo, huet d'Chantal déi meescht Zäit vu senger Karriär als Direktiouns- a Redaktiounssekretärin verbruecht. D'Chantal erzielt aus sengem fréieren Aarbechtsliewen awer och iwwert d'Erausfuerderunge vun der Pensioun wa vun haut op muer de gereegelten Dagesoflaf wechfält. Dernieft schwätzen d'Melody an d'Lynn iwwert d'Wichtegkeet vu Mediekompetenz an de Schoulen a firwat et ganz normal ass, datt et zu engem Sujet 10 verschidde Wourechte ginn.

Vergiess net, eis deng Froen, Erfarungen an Umierkungen per Message oder Sproochnoriicht via Direct Message op Instagram https://www.instagram.com/letzjournal/ oder per E-Mail op lynn.warken@journal.lu a melody.hansen@journal.lu ze schécken.

Du wëlls eis Equipe ënnerstëtzen? Da maach en Abo beim Lëtzebuerger Journal: https://journal.lu/de/products

New comment

Your name or nickname, will be shown publicly
At least 10 characters long
By submitting your comment you agree that the content of the field "Name or nickname" will be stored and shown publicly next to your comment. Using your real name is optional.