#16 D'Rush Hour vum Liewen

Show notes

Mir hu rëm näischt geschafft, dës Kéier well de Poopst do war an d’Erkältungen ausgebrach sinn. Firwat mir d’Visite vum Poopst kritesch gesinn a wat am Kapp vu Chef*inne virgeet wa si net an Héichform sinn erziele mer iech an dësem Episod. Ausserdeem schwätze mer iwwer Ausnamesituatioune a wéi ënnerschiddlech d’Melody an d’Lynn mat ongeplangte Momenter ëmginn. An zum Schluss ass et un iech: Äre Feedback zu der leschter Episod zum Sujet “Belaaschtbarkeet”.

An der zweeter Staffel wäerte mir ëmmer erëm eng gutt Mod am Podcast op Besuch hunn. Du bass eng oder du kenns eng? Schéck eis deng Proposen op melody.hansen@journal.lu, ob lynn.warken@journal.lu oder iwwer Privatmessage ob Instagram. Mir freeën eis op dech.

New comment

Your name or nickname, will be shown publicly
At least 10 characters long
By submitting your comment you agree that the content of the field "Name or nickname" will be stored and shown publicly next to your comment. Using your real name is optional.